D'Geschicht vum Basket zu Dikrich
Grënnung 1955
Obwuel scho kuerz virum zweete Weltkrich e Grupp vun Dikkricher Studente Basket gespillt hunn ass et awer nach net zur Grënnung vun engem Basketball-Veräi komm. Dëst sollt réischt 15 Joer méi spéit de Fall sinn, wéi am Juli 1954 ënnert dem Impuls vum Emile Zigrand e puer Basketsfrënn e neie Versuch ënnerholl hunn, e Veräin zu Dikkrich op d'Been ze stellen.
Deemools ass op 2 Terraine gespillt ginn, een um Sportsterrain vun der Gemeng (Terrain hippique) an en aneren am Haff vum Internat St Joseph, wou sech haaptsächlech Studente getraff hu fir Basket ze spillen.
Op d'Bestriewe vun den Häre Joseph Lentz an Emile Zigrand hinn huet sech e provisoresche "Grënnungscomité" zesummefonnt. De 25. September 1954 gouf eng Demande un d'FLBB geriicht, fir vun der Federatioun opgeholl ze ginn, déi an der Generalversammlung den 13. Februar 1955 zu Gréiwemaacher guttgeheescht ginn ass. Eng Equipe ass an der 2. Divisioun zougelooss ginn.
Ënnert dem Veräinsnumm BBCD huet sech den 1. Comité folgendermoossen zesummegesat:
Joseph Lentz, Président; Albert Ensch, Vize-Président; Emile Zigrand, Secétaire; Remy Wahner, Trésorier; Alex Bauler, Jos Elcheroth, Félix Jost, Paul Jost, Pierre Meyers a François Matgen, Memberen.

Härenéquipe 1955
hënnescht Rei (v.l.n.r.): J. Lentz (Président), P. Gallé, S. Lick, T. Pletschette, N. Nick. J. Elcheroth
viischt Rei (v.l.n.r.): W. Fisch, N. Simon, J. Goergen, R. Thillen, L. Kohnen

1957 huet de BBCD et fir d’éischte Kéier fäerdeg bruecht, an déi iewescht Divisioun ze klammen fir duerno e puer mol nees of- an opzesteigen.
An de 60er Jore war Dikkrich eng Héichbuerg vum nationale Basket. Obwuel de BBCD ni zu Meeschteréire komm ass, huet ee während etleche Joren Éireplazen an der deemoleger éischter Divisioun beluecht.

Härenéquipe 1964
hënnescht Rei (v.l.n.r.): P. Matgen, F. Werner, H. Matgen, D. Jackson, M. Bozuric
viischt Rei (v.l.n.r.): L. Dunkle, C. Damgé, F. Wagner, J. Zigrand

Vun 1962 bis 1968 hat de Veräi seng fest Plaz an der ieweschter Divisioun, wou een e puer Mol d’Plazen 3 bis 5 beluecht huet an doriwwer eraus och 3 mol un der Finale vun der Coupe deelgeholl huet. Bei der Organisatioun vun internationale Matcher huet den deemolege Comité gellech Pionéieraarbecht geleescht. Dës Matcher géint europäesch Spëtzenequipe wéi Helsinki, Prag a Barcelona goufen deemools viru méi wéi honnert Spectateure um Terrain am Haff vun der Primärschoul gespillt. Géint d’Equipe vu Brünn a Bamberg huet de BBCD et fäerdeg bruecht, sech ganz éierbar aus der Affär ze zéien.
Härenéquipe 1966
hënnescht Rei (v.l.n.r.): J-P. Gaul (Président), J. Dahm, G. Geiben, H. Matgen, P. Matgen, F. Medernach, V. Cubric, C. Damgé
viischt Rei (v.l.n.r.): R. Mathgen, Laura, J. Winandy, T. Faber, J. Zigrand, F. Schmitz

De BBCD war och den éischte Veräin zu Lëtzebuerg, dee sech mat auslännesche Spiller verstäerkt huet. Ufanks waren et Amerikaner, déi zu Bitburg a Spangdahlem stationéiert waren. Vu 1966 un huet de Vele Cubric aus der deemoleger jugoslawescher Spëtzenequipe vun Zadar de BBCD verstäerkt.
De Veräin huet deemools eng sëlleche Nationalspiller a sénge Reie gezielt wéi den Henri Pierre Matgen, Robert Thillen, Téid Pletschette, Fernand Wolter a Franz Werner. Spéider waren et de Romain Matgen, Janusz Zigrand, Jean Kartheiser, Marco Bock a Marc Wolter.
1960 huet de Jean-Pierre Gaul de Presidenteposte vum BBCD iwwerholl. Beim 10. Anniversaire vum Veräin gouf de Jean-Pierre Gaul vum R. Schiltz, J. Medernach, N. Reisch, N. Simon, N. Weirig, B. Nurenberg., J. Lorang, J. Lorentz an A. Bastendorff ënnerstëtzt.
Spéider huet de BBCD mam Liichtathletikveräin ënnert dem Numm C.S. Standard fusionnéiert.
Vun 1973 un war den Ady Bastendorff President vum Veräin gouf 1982 vum Charly Bauler op deem Posten ofgeléist. Spéider huet de Veräin wéinst finanzielle Problemer seng Aktivitéite missten astellen.

Neigrënnung 1990
Et war ënnert dem Impuls vum Will Scholer, wou sech 1989 e puer Leit opgeraf hunn, fir zu Dikkrich erëm e Basket op d'Been ze kréien, wat net esou einfach war. Nom "Crash" vum Standard huet et schonns e bëssen Idealismus gebraucht, fir an Dikkrich mat senge sëlleche Clibb a senge wéinege Sportshalen de Basket nees wëllen opzeriichten.
Den 28. Mäerz 1990 gouf de Veräin gegrënnt, an nodeems de 7. Juli 1990 de club an der FLBB opgeholl gouf, huet de BBCD mat 5 Equipen déi éischt Saison 1990/91 ugefaang.
Grënnungsmembere waren: Hubert Bauler, Robert Bohnert, Tun Laux, Irène Rob, Daniel Schiltz an Arsène Weber.
Ënnert der Presidentschaft vum Tun Laux, deen déi éischt 10 Joer déi absolut dreiwend Kraaft war, huet dann och de Comité sech lues a lues verstäerkt, fir déi technesch an administrativ Aarbechten ze meeschteren.

Härenéquipe 1991
hënnescht Rei (v.l.n.r.): T. Laux (Président), G. Draut, T. Stoffel, D. Schiltz, M. Lahire, P. Schaus
viischt Rei (v.l.n.r.): G. Biver, R. Nennig, M. Wetzel, R. Heckemans

E Club besteet awer haaptsächlech aus sengen Equipen esou wéi aus sengen Traineren a Coachen, déi sech ëm déi verschidden Equipe këmmeren. Bis 2000 waren dat Romain Bisenius, Dejan Boskovic, Zoran Djurkovic, Frank Eyschen, Nico Glod, Tun Laux, Pierre Matgen, Marie-Paule Mootz, René Oly, Irène Rob an Daniel Schiltz.
Op sportlechem Plang konnt deen neie Veräin och mathalen. Nom Championstitel vun de Senioren an den Divisiounen 4 an 3 ass de Club 1996 an d'Divisioun 2 opgestiegen.

Härenéquipe 1995
hënnescht Rei (v.l.n.r.): D. Boskovic, G. Draut, P. Delmarque, F. Eyschen
viischt Rei (v.l.n.r.): N. Schroeder, C. Scholtes, S. Taverner, C. Wantz

D'Dammen hunn 1993 de Champion an der 3. Divisioun gemaach. Den Dikkricher Basket huet erëm feste Fouss an der lëtzebuerger Basketswelt gefaasst
Dammenéquipe 1993
(v.l.n.r.)C. Pull, I. Krings, M. Dondelinger, A. Zanters, M. Bisenius, R. Ramos, J. Survaci
Dammenéquipe 1995
hënnescht Rei (v.l.n.r.): F. Eyschen (Coach), C. Pull, N. Hermes, A. Zanters, D. du Fays
viischt Rei (v.l.n.r.): I. Krings, N. Bourgmeyer, C. Merckes, L. Marinho, J. Becker

Vun 2002 bis 2005 hat den Nico Hamen d'Presidentschaft vum BBCD iwwerholl. An där Zäit hunn hie folgend Leit am Comité ënnerstëtzt: Claudine Schumacher, Jeanine Becker, Hubert Bauler, Lydie Bintz, Romain Bouquet, Marie-Paule Mootz, Katalin Halasz.
Nodeems d'Claudine Schumacher an duerno de Patrique Barbosa d'Presidentschaft vum BBCD iwwerholl haten, ass seit 2007 den Daniel Schiltz un der Spëtzt vum Comité.
De laangjährige President Tun Laux huet bis 2008 als Arbitter fir de BBC Diekirch fungéiert!